Ciné-Vidéo Amateurs Septfontaines-Rollingergrund – CASR Léif Frënn a Membere vun de Cineasten ! Mir maachen drop opmierksam, dass mir de Méindeg, 19. Mäerz 2018, ëm 19.30 Auer an eisem renovéierten Clublokal an der aler Meederchersschoul am Rollengergronn, den 57. Videoconcours “Coupe Pierre Hary 2018” iwwer de schéinste Regie-, Genre- an Dokumentarfilm organiséieren. Mir wäre frou wann Dir zuelräich un dësem Concours géift deelhuelen. Wann Dir net aktiv um Concours deelhuele wëllt, sidd Dir och als Zuschauer häerzlech wëllkomm. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt. Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äre Besuch. De Comité vun de C.A.S.R. Fir d’Auteure déi um Concours wëlle matmaachen leeë mir eist Reglement betr. Wettbewerb um den beschten Amateurfilm bäi. Schéckt är Umeldung bis spéitstens den Freideg, 9. Mäerz 2018 un de Sekretär Jean Palleva, 5, rue Belair, L-3216 Bettembourg (email: schmatz@tango.lu) zeréck. ![]()
0 Commentaires
Laisser une réponse. |
FGDCA asbl
Film Archives
Mars 2021
Catégories
Tout
|